["Energielight"]
 
Thema vum Mee
Waasser
 
Am Abrëll huet et esou gutt wéi guer net gereent. Och wann een normalerweis net direkt eppes mat der Landwirtschaft ze dinn huet, gesäit een awer direkt wéi dréchen d`Felder, d`Weeden an de Bësch sinn. Dofir sollte mer all besonnesch spuersam a responsabel mat de Waasserressourcen ëmgoen.
Opdeelung Waasserverbrauch
 
 
Vergläicht een déi duerchschnëttlech Opdeelung vum Waasserverbrauch an engem Stot mat där vun engem Bürosgebai, fält op, dat de Verbrauch vum Sanitär an engem Bürosgebai en Undeel vun méi wéi 80% huet.
 
Aspuerungen am Beräich vum Sanitär an engem Bürosgebai fale méi staark an d’Gewiicht wéi doheem!
 
Et drëpst: direkt reagéieren!
En drëpsende Krunn verléiert bis zu 4 Liter Waasser pro Stonn. Op ee Joer gerechent geet dat duer fir iwwer 200 Mol eng Buedbidden ze fëllen!

Nach méi Waasser geet duerch eng defekt Toilette-Chasse verluer: dat kënne bis zu 25 Liter pro Stonn sinn.
 
Dofir: Mellt iech bei ärem Energiebeoptragten, wann dir en ondichte Krunn oder Chasse bemierkt!
 
Waasserleitungen regelméisseg kontrolléieren!
 
 
Fuitten an der Waasserleitung sinn ee vun den Haaptgrënn, firwat Waasser onbemierkt verluer geet. Besonnesch a gréissere Gebaier kënnen dat séier dausende vu Liter sinn.

Dofir: Regelméisseg de Leitungssystem kontrolléieren!

Am einfachsten geet dat, wann e virun engem Weekend, wou d’Gebai net genotzt gëtt, de Waasserzieler ofliest an dann direkt nees Méindes Moies, éier de Betrib lassgeet. Sollt an dëser Zäit Waasser verbraucht gi sinn, ass dat e séchert Zeechen fir e Schued am Rouersystem oder un den Armaturen.
Awer opgepasst: Et muss e klären, ob net Waasser nach fir aner Prozesser gebraucht gëtt, déi och um Weekend lafen!
 
Tipps an Tricks                                        
fir och Doheem einfach Waasser a Geld ze spueren:
Virtuellt Waasser
Wat hunn 1.100 Blieder Pabeier, 13 Liter Mëllech an eng Jeansbox gemeinsam?
Fir dës Artikelen ze produzéieren, si jeeweils 11.000 Liter Waasser verbraucht ginn – en immense Waasserfoussofdrock.
 
Et brauch een also net nëmmen déi 150 Liter Drénkwaasser um Dag fir d’Hygiène an fir ze Kachen oder ze Botzen. Am Duerchschnëtt verbraucht eng Persoun zu Lëtzebuerg ca. 6.900 Liter „virtuellt Waasser“ pro Dag.

Dofir sollt ee kucken, méiglechst regional produzéiert Produiten ze kafen, fir de Waasserfoussofdrock ze miniméieren.

Hei kann een d'Waasserfoussofdréck vun alle Länner kucken:
 
Waasser spueren am Gaart
  • Reewaasser vum Daach an enger Tonn oder Zetär sammelen an fir de Gaart benotzen.
  • De Gaart no Méiglechkeet owes nätzen, well soss d’Waasser direkt nees verdonst.
  • Ëmmer gezillt an direkt um Buedem nätzen, net op de Blieder.
  • Léiwer méi seelen awer dann intensiv nätzen, sou dat d’Waasser 10 cm an den Buedem andréngt.
  • De Wues net ze kuerz méinen, dann gëtt en och no enger längerer dréchener Period nees gréng.
 
Projet Energie [light] reloaded by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
 
Gesendet von
SendinBlue
 
 
© 2020 Energielight