["Energielight"]
 
Thema vum Abrëll 
Energiespueren am Homeoffice
 
Opgrond vun der aktueller Situatioun wollte mer keen Standard-Newsletter schécken. Den Ament schaffen ëmmer méi Leit vun doheem aus – wann dat méiglech ass. Op den éischte Bléck huet dat Virdeeler – et léiert een nei digital Formen vum Zesummeschaffen kennen a mer hunn manner Stress fir op d`Aarbecht ze kommen. Mee och am Homeoffice verbraucht een Energie.
Hei e puer Tipps fir d`Schaffen doheem.
Computer
 
 
Wann s du de Choix hues, schaff léiwer mat engem Laptop wéi mat engem Desktop-PC. Virun allem méi nei Laptop`en verbrauchen am Betrib nëmmen ca. 25% vum Stroum vun engem Desktop-PC.

Egal wéi: Stell bei alle Geräter d`Energiespuerfunktiounen an, a fuer de Computer no Feierowend komplett erof.

Probéier wärend dem Schaffen, Programmer zouzemaachen déi net gebraucht ginn. Internetbrowser an aner Applikatioune verbrauche permanent Energie, och wann s du se grad net benotz.
 
Beliichtung
 
 
Fir déi meescht ass et sécher net méiglech, sech spontan e perfekten Homeoffice anzeriichten. Mee et sollt een trotzdeem oppassen, dat den Aarbechtsplaz gutt beliicht ass. Dofir muss een net onbedéngt d`Luuchten am ganze Raum umaachen. Eng gutt Luucht direkt um Dësch geet duer, am beschten mat LED-Beliichtung.

Optimal wier et, wann s du däin Aarbechtsplaz am 90°-Wénkel direkt nieft enger Fënster ariichten kéints, dann ass eng kënschtlech Beliichtung an de meeschte Fäll iwwerflësseg. 
 
Drécker
 
 
Och doheem gëllen des Reegelen:
 
  • Dréck mat klenger Opléisung (Economy oder Draft) an onbedéngt recto-verso.
  • Dréck am beschten e puer Blieder mateneen. Esou muss den Drécker net all Kéier nei opgehëtzt ginn an et spuert een Energie.
  • Wiel virum Drécken d’Optioun „print preview“, fir onnéideg Drécken ze vermeiden.
  • Wa méiglech, d’Ränner an d’Schrëft méi kleng maachen, esou spuert een Toner an och Pabeier.
  • Eesäiteg bedréckt Pabeier kann een ëmmer nach fir Notte benotzen.
 
Heizung a Lëften
 
 
E Virdeel vum Homeoffice:
 
Du muss dech net mat de Kolleegen iwwert d`Temperatur am Büro streiden. Kuck awer trotzdeem, dass an dengem Büro doheem net wesentlech méi wéi 20 °C sinn an dass d`Fënsteren net permanent op Kipp stinn:
 
Bleiwt gesond a bis geschwënn!
 
Projet Energie [light] reloaded by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
© 2020 Energielight
 
 
 
Gesendet von
SendinBlue