["Energielight"]
 
Thema vum November- vol.2
Manner ass méi
 
Manner ass méi, wann eis de "méi" ze vill gëtt, mir eis iwwerfuerdert oder iwwerbeusprocht fillen. Wiem vill gehéiert, muss méi raumen, méi botzen, méi Geld an Zäit investéieren a suergt sech allgemeng méi. Well all d'Saachen, déi engem gehéieren, kënne jo futti oder verluer goen, geklaut ginn oder u Wäert verléieren.
Wann dir also manner Saache gehéieren, hues du am Verglach méi Zäit fir dech an deng Matmënschen, méi Geld a méi Plaz.  Werf Ballast of a reduzéier däi Konsumverhalen.
Tipps fir op der Aarbechtsplaz
Manner Auto,
Méi Beweegung
 
Fir Strecken ënnert 2km kanns du op den Auto verzichten an zu Fouss (oder mam Vëlo) goen. Dëst schount däi Portmonnie an d'Ëmwelt an hält dech gläichzäiteg fit. Eventuell brauchs du bëssi méi laang Zäit, mee dës Zäit ass sënnvoll investéiert an du muss net no enger Parkplaz sichen.
Manner Stroum,
Méi Geld a Ressourcen
 
Den Energieverbrauch op der Aarbecht ganz einfach reduzéieren:
  • Bildschiermschouner ausschalten.
  • Bildschierm bei Pausen ab 5 Minutten ausschalten.
  • Computer bei Pausen ab 15 Minutten an den Energiespuermodus versetzen a während der Mëttespaus bzw. virum Feierowend komplett vum Stroum huelen (virdru mam IT-Service ofschwätzen).
  • Drucker nëmmen dann uschalten, wann s du och drécks a nëmmen dann drécke, wann onbedéngt néideg.
  • Doppelsäiteg a schwaarz/wäiss drécken.
  • Stoußlëften amplaz stonnelaang d'Fënster op Kipp.
  • D'Luucht nëmme bei Bedarf aschalten a natierlech ausschalten, soubals du de Raum verléiss!
Manner Geräter,
Méi Zesummenhalt
 
Geräter gemeinsam notzen: Net all Büro muss mat enger Kaffismaschinn, engem Frigo, engem Waasserkocher, engem Drucker, asw. ausgestatt sinn. Meeschtens geet et duer, wa pro Etage eng zentral Plaz ausgewise gëtt. Hei kann een sech dann och flott mat den Aarbechtskollegen austauschen. Dëst spuert Käschte, Plaz, Stroum an Zäitopwand fir den Entretien.
Manner entsuergen,
Méi reparéieren
 
E groussen Deel vun der Energie gëtt bei der Produktioun verbraucht. Aus dësem Grond sollt ee Geräter sou laang wéi méiglech notzen a reparéieren, amplaz se beim éischten Defekt ze entsuergen.
Tipps an Tricks                                   
fir och doheem minimalistesch ze liewen:
Manner Stroum,
Méi Geld a Ressourcen, och doheem
 
Den Energieverbrauch doheem reduzéieren: Wann s du doheem Energie spuers, spuers du Geld a mëss och nach eppes fir de Klimaschutz.
  • Frigo net méi kal wéi 7 Grad astellen.
  • TV a Computer ganz ausschalten amplaz am Stand-By lafen ze loossen.
  • Beim Kaf op d'Energieklassen A+ bis A+++ uechten
  • Waasserkocher amplaz Kachplack notzen
  • Spullmaschinn notzen amplaz mat der Hand ofwäschen
  • Mam Deckel um Dëppe kachen an d'Gréisst vun der Kachplack dem Dëppen upassen
  • Wäsch op niddregen Temperature wäschen
Manner Kleeder,
Méi Liiblingsoutfits, Plaz an Zäit
 
Liquidéier all déi Kleeder, déi s du net méi undees. Wann an dengem Kleederschaf just nach deng Liiblingskleeder ze fanne sinn, fällt et dir automatesch méi einfach schéin Outfiter zesummen ze stellen an du spuers Zäit. Kaf dono just nach Saachen, déi s du wierklech brauchs an déi dir zu 100% gefalen. Alles wat een am Äifer keeft an duerno kaum undeet, ass verschwente Geld.
Manner Offall,
Méi fir Anerer
 
Déi ganz Géigestänn, déi s du net brauchs an elo aussortéiert hues, kanns du verkafen oder verschenken. Sou kann eventuell nach een Aneren dovunner profitéieren a muss net een neie Produit am Geschäft kafen.
                       Rappel                            
 
Den Heizkierper an
den Thermostatkapp fräi halen
 
Den Heizkierper an den Thermostatkap musse fräi sinn, fir dass se richteg funktionéieren!
 
 
Dieren zu méi kalen Zëmmer zoumaachen
 
D'Wiermt verdeelt sech automatesch vun engem waarme Raum zu engem kale Raum.
 
 
Déi richteg Kleedung fir all Joreszäit
 
Mat der richteger Kleedung muss ee manner hëtzen!
 
 
 
 
 
 
Projet Energie [light] reloaded by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
 
Gesendet von
SendinBlue
 
 
© 2019 Energielight