["Energielight"]
 
Thema vum November- vol.1
Manner ass méi
 
Manner ass méi, wann eis den "méi" ze vill gëtt, mir eis iwwerfuerdert oder iwwerbeusprocht fillen. Wiem vill gehéiert dee muss méi raumen, méi botzen, méi Geld an Zäit investéieren a suergt sech allgemeng méi. Well all d'Saachen, déi engem gehéieren, kënne jo futti oder verluer goen, geklaut ginn oder u Wäert verléieren.
Wann dir also manner Saache gehéieren, hues du am Verglach méi Zäit fir dech an deng Matmënschen, méi Geld a méi Plaz.  Werf Ballast of a reduzéier däi Konsumverhalen.
Tipps fir op der Aarbechtsplaz
Manner Chaos,
Méi Uerdnung / Iwwerbléck
 
Uerdnung ass d'Basis vum (minimalistesche) Liewen. Gëff denge Saachen eng fest Plaz. Wann s du reegelméisseg raums, fënns du alles méi schnell erëm an du behäls een Iwwerbléck iwwert däi Besëtz. Dëst verhënnert, dass du Saachen zwee- oder dräimol keefs.
​Manner Fleesch,
Méi Geméis, Uebst a Leguminosen
 
Manner Fleesch iessen bedeit méi fir deng Gesondheet, den Ëmweltschutz, den Déiereschutz an déi sozial Gerechtegkeet ze maachen.
Manner Fast Food,
Méi frësch selwer kachen
 
Fast-Food ass meeschtens méi deier, wéi wann een doheem sëlwer kacht. Dovunner ofgesinn enthält Fast Food oft vill Fetter, Salz an Zocker. Manner Fast Food bedeit méi Gesondheet an Fitness. Wann s du selwer gekachte Saache vun doheem mat bréngs, kanns du ausserdeem déi Einweg-Verpackung vum Fast Food oder Liwwerservice évitéieren.
Manner Gedrénks aus der Fläsch,
Méi Krunnewaasser
 
Gedrénks wéi Softdrinks oder Jusen enthalen oft ongesond Zousazstoffer. Waasser aus der Fläsch huet keng Virdeeler géigeniwwer Krunnewaasser. Manner Gedrénks aus der Fläsch bedeit Geld, Transport a Verpackung spueren an den Ëmweltimpakt reduzéieren. D'Krunnewaasser ass ëmmer frësch!
Manner eemoleg Verpackung,
Méi laanglieweg Behälter
 
Op eemoleg Verpackunge sollt ee wa méiglech verzichten. Déi meescht Kaffiesautomate beispillsweis erkennen, wann een eng Taass ënnert de Spender stellt. Beim Akafen oder beim Liiblingsrestaurant einfach emol däin eegene Behälter mathuelen an opfëlle loossen.
 
Tipps an Tricks                                   
fir och doheem minimalistesch ze liewen:
Manner Quantitéit,
Méi Qualitéit
 
Et kennt net op d'Mass, mee op déi eenzel Eegenschaften un. Dëst gëllt fir déi meeschte Beräicher am Liewen. Wichteg ass net wéi vill dass du hues, mee wat s du hues. Wann s du dech ob déi richteg Eegenschafte konzentréiers gëss du meeschtens méi glécklech, wéi wann s du nëmmen ob d'Unzuel kucks.
Manner onkoordinéiert,
Méi iwwerluecht
 
Kaf just déi Saachen, déi s du wierklech brauchs. Stell dir virun all Akaf folgend Fro: Hunn ech de Produit nach net? Géif sech mäi Liewe mat dësem Kaf verbesseren? Kéinten eventuell och Nodeeler entstoen? Kann ech de Géigestand eventuell och ausléinen?
Manner Botzmëttel,
Méi Gesondheets- an Ëmweltschutz
 
Déi meescht Botzmëttel enthale synthetesch Chemikalien a Mikroplastik, déi eis Gesondheet an d'Ëmwelt staark belaaschten. Gréif op natierlech Botzmëttel zeréck, wéi beispillsweis Essegessenz. Och Natron ka villfälteg agesat ginn. Looss dir net vun der Werbung virgaukelen, dass du fir all eenzel Verschmotzung en aner Botzmëttel brauchs an iwwerdreif net mat der Doséierung. Op dës Manéier spuers du vill Geld a Plaz.
Och beim Wäschpolver gëllt: "Manner ass méi". Lies dir d'Doséierungsugab op der Verpakung duerch. Meeschtens kanns du och manner benotze, well de Produzent kalkuléiert natierlech éischter grousszügeg.
                       Rappel                            
 
Et drëpst:
direkt reagéieren!
 
Mell dech bei dengem Energiebeoptragte wann s du en ondichte Krunn oder eng Fuite bemierks!
 
 
    Richteg Lëften
 
Beim Lëften d'Fënster an d'Dier kuerzzäiteg grouss opmaachen, sou killen d'Maueren am wéinegsten aus an den Energieverloscht bleift geréng!
 
 
Thermostat richteg notzen
 
De Wanter steet virun der Dier, d'Heizunge sinn erëm un. Informéier dech, wéi esou een Thermostat funktionéiert an notz e richteg!
 
 
 
Projet Energie [light] reloaded by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
 
Gesendet von
SendinBlue
 
 
© 2019 Energielight