["Energielight"]
 
Thema vum Oktober - vol.1
Beschafung
 
Beim Akaf an der Gemeng sollt een sech net nëmmen d'Fro vum Präis stellen. Op folgend Aspekter kanns du och oppassen:
- Origine
(Transport, Sozial- an Ëmwelt-Standards,…)
- Produktioun
(Ressourcëverbrauch, Emissiounen, extern Käschten,…)
- Notzung
(Energieverbrauch, Qualitéit, Benotzer-frëndlechkeet, Emissiounen,…)
- Entsuergung
(Trennbarkeet, Rezykléirbarkeet,…).
 
Amplaz vum Neikaf kann een och folgend Alternativen a Betruecht zeien: Reparéieren, Ausléinen oder Deelen.
Dëst ka jiddweree sëlwer maachen:
Dem Kaf-Wahn entkommen
 
Refuse: Déi éischt Fro soll ëmmer heeschen: “Brauch ech dëse Produit wierklech?”. Wann dës Fro just mat Jo beäntwert ka gi sollt e folgend Froen nach beäntwerten:
Repair: Kann ech mäin ale Produit eventuell nach reparéieren oder duerch en Update erëm funktiounstüchteg maachen, sou dass mir en Neikaf erspuert bleift?
Reduce: Wat ass déi real Quantitéit, déi ech brauch a wéi kann ech de Bedarf eventuell souguer nach miniméieren (duerch eng ugepassten Notzung, gemëschten Notzung…)?
Re-use: „Huet en Mataarbechter de Produit schonn, ouni dass hien en wierklech brauch? Gëtt et de Produit schonn a kann ech en mat engem deelen? Gëtt et d'Méiglechkeet de Produit net ze kafen, mee ze léinen (leasing) a géif dëst a mengem Fall Sënn maachen? Gëtt et d'Méiglechkeet de Produit gebraucht ze kafen?"
Recyle! Gëtt et de Produit deen ech kafe wëll och aus recycléiertem Material?
Krunnewaasser drénken amplaz Fläschewaasser ze bestellen
 
Zu Lëtzebuerg huet d'Krunnewaasser de Status vun engem "Liewensmëttel" a gëtt strenge Kontrollen ënnerzunn. D'Qualitéit vum Krunnewaasser ass deemno garantéiert. Weider Virdeeler vum Krunnewaasser sinn : Keen Transport, keng Verpakung, keng Lagerung, wesentlech manner Käschten, ëmmer grëffbereet, ëmmer frësch.
Wann s du ënnert kengen Ëmstänn op Fläschewaasser verzichte wëlls, da sich no Gläichgesënnte fir eng Sammelbestellung ze maachen. Notz dann am beschte Waasser aus der Regioun, dat a Pfandglasfläschen ofgefëllt gëtt.
Op wat kann ech beim Akaf uecht ginn:
 
 
D'Quantitéit
 
Ier een eng Bestellung ofwéckelt, sollt een sech ëmmer froen ob de Kaf wierklech noutwendeg ass oder ob et och Alternative ginn (Update oder Reparatioun, ausléinen oder tauschen,...). Ass de Kaf net ze ëmgoen, soll een onbedéngt eng ausféierlech Analyse maache fir de genaue Bedarf ze ermëttelen a Verschwendung ze evitéieren.
 
D'Qualitéit
 
E qualitativ héichwäertege Produit huet eng méi laang Liewensdauer a garantéiert eng gutt Funktionalitéit. D'Qualitéit sollt awer och gesondheetlech Aspekter erfëllen a soumat net schiedlech fir den Notzer oder d'Ëmwelt sinn. De Produit sollt och reparéierbar sinn an de Critèrë vun der Kreeslafwirtschaft entspriechen. Iso-Normen a Labele kënnen als Garant vun der d'Qualitéit genotzt ginn.
 
D'Produktioun
 
Informéier dech ob de Produit nohalteg a sozial vertrietbar produzéiert gouf. Labele kënnen dir hei eng wichteg Hëllefsstellung bidden.
 
Dës Säite bidden dir eng Hëllefsstellung beim nohaltege Beschafen
 
 
Ech Kafe Clever
Büro- a Schoulmaterial​
 
Op dëser Säit fënns du Lëschte mat Büros- a Schoulmaterial dat ökologeschen a gesondheetleche Critèrë gerecht gëtt.
 
Oekotopten
 
Op dëser Internetsäit fënns du Berodung zu Haushaltsapparater, Beliichtung, Autoen, Pedelecs a Stroum. Ausserdeem bitt dës Säit Vergläichs-Lëschten an zeechent extra spuersam Produite mat engem Label aus. ​
www.oekotopten.lu
 
Tipps an Tricks                                   
fir och Doheem clever anzekafen:
Liewensmëttel ëmweltschounend
a sozial vertrietbar akafen
 
Beim Kaf vu Liewensmëttel kann een op vill Aspekter oppassen: ëmweltschounend Produktioun (ouni Pestiziden a syntheteschen Dünger), kuerz Transportweeër, ouni Verpakung, saisonal, faire Präis fir de Produzent. Ausserdeem sollt een och Liewensmëttelverschwendung vermeiden an sech virun allem vu frëschem Uebst, Geméis, Kären an Léguminosen ernären.
Mat der interaktiver Landkaart vun der Aktioun "Changeons de Menu" fënns du lokal Produzenten a Verkafsplazen www.changeonsdemenu.lu
Denk Mobilitéit amplaz Transportmëttel
 
Wat hunn en Auto, e Bus, en Zuch oder ee Vëlo gemeinsam? Richteg, se bréngen dech vun A op B. All Transportmëttel huet seng eege Vir- a Nodeeler an ass domadder Expert op engem ganz bestëmmte Gebitt. Lee dech also net op ee bestëmmtent Transportmëttel fest, mee entscheet dech ëmmer erëm nei fir dat Transportmëttel wat fir ee bestëmmte Wee, ënnert bestëmmte Konditiounen (km, Zäit, Wieder, Verkéier, usw.) am beschte passt.
Verschidden Ausléin-Systemer erméiglechen dir, dat Transportmëttel ze notzen, dat grad am beschte passt. De Besëtz vun engem oder méi eegenen Transportmëttele gëtt soumat iwwerflësseg.
 
Projet Energie [light] by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
 
Gesendet von
SendinBlue
 
 
© 2019 Energielight