["Energielight"]
 
Thema vum Oktober - vol.2
Beschafung
 
Beim Akaf an der Gemeng sollt een sech net nëmmen d'Fro vum Präis stellen. Op folgend Aspekter kanns du och oppassen:
 
- Origine (Transport, Sozial- an Ëmwelt-Standards,…)
- Produktioun (Ressourcëverbrauch, Emissiounen, extern Käschten,…)
- Notzung (Energieverbrauch, Qualitéit, Benotzerfrëndlechkeet, Emissiounen,…)
- Entsuergung (Trennbarkeet, Rezykleirbarkeet,…).
Amplaz vum Neikaf kann een och folgend Alternativen a Betruecht zeien: Reparéieren, Ausléinen oder Deelen.
Dëst ka jiddweree selwer maachen:
Manner a méi bewosst printen
 
Dokumenter just printen, wann onbedéngt néideg, an da recto-verso, nëmme faarweg wann noutwendeg a wa méiglech kompriméiert (zum Beispill kann ee bei enger PP-Presentatioun méi Folien op eng Säit printen).
Wann een emol vergiess huet recto-verso ze drécken, da kann een déi fräi Säite méi spéit eventuell nach als Notizpabeier notzen.
​Take-Away Verpackung vermeiden
 
An der Mëttespaus geet Zäit net duer fir am Restaurant z'iessen? Du wëlls däin Iesse bestellen oder mathuelen? Da wiel ee Restaurant aus, deen d'„Ecobox“ ubitt oder stell dës Initiativ dengem Lieblingsrestaurant vir! www.ecobox.lu
Matschwätzen
 
Du hues eng Iddi, wat ee beim Akaf op denger Aarbechtsplaz alles ännere kann? Du frees dech, wisou sou munche Produit am Iwwerfloss kaaft gëtt an anerer net genuch? Du fënns dass e puer Produite guer net gebraucht ginn oder duerch besser Produite kéinten ersat ginn? Kontaktéier deng Mataarbechter déi fir den Akaf zoustänneg sinn a proposéier hinne konstruktiv Virschléi an deng perséinlech Beobachtungen.
Op wat kann ech beim Akaf uecht ginn:
 
 
De Client-Service
 
E gudde Service um Client ass da méiglech wann d'Mataarbechter vum Betrib ënnert gudden Aarbechtsbedingunge schaffen, anstänneg bezuelt ginn a sëlwer vun der Qualitéit vum Produit iwwerzeegt sinn. Op dësem Site fënns du eng Oplëschtung vu sozialen Aspekter, op déi ee beim Akaf oppasse kann:
 
De Präis
 
De Präis bleift natierlech en wichtege Facteur beim Akaf, e sollt awer net den eenzegen an och net de wichtegste Critère sinn. Klär am Ufank of, wat fir eng Aspekter onbedéngt erfëllt solle ginn an notz de Präis zum Schluss als lescht Entscheedungshëllef fir ënnert de Produiten, déi di gewënschte Critèren erfëllen, ze decidéieren.
 
Dës Säite bidden dir eng Hëllefsstellung beim nohaltege Beschafen
 
 
Eco-Stroum: Stroum aus erneierbaren Energien
 
De Mouvement écologique a Greenpeace Lëtzebuerg hunn eng gemeinsam Lëscht zesumme-gestallt mat lëtzebuergesche Fournisseuren, déi Stroum aus erneierbaren Energien ubidden. www.meco.lu
Op der Internetsäit vu Greenpeace Lëtzebuerg „Energiebierger“ kanns du dech iwwert d'Méiglechkeet informéieren, sëlwer zum Energieproduzent ze ginn (als Gemeng oder privat)
 
 

Green Events - Nohalteg Veranstaltungen
 
Den neie Label Green Events zeechent Veranstaltungen aus, déi eng Réi vu Kritären aus de Beräicher Iessen&Drënken, Ofall, Waasser- an Energieverbrauch, Mobilitéit etc. erfellen.
Fir méi Informatiounen kontaktéiert den Oekozenter Pafendall oder d'Superdreckskescht.
 
 
 


Clever Akafen - Produits-Lëschte vun der SuperDrécksKëscht®
 
​D'SuperDrécksKëscht® identifizéiert mat hirem Label "Clever Akafen" ekologesch vertrietbar Produiten aus de Kategorien: Faarwen a Lacken, opluedbar Akkuen a Chargeuren, Wäsch- a Botzmëttel, Beliichtung, Schoul- a Bürosmaterial, Rinse-off Produiten an Toilettëpabeier: www.sdk.lu
 
Tipps an Tricks                                   
fir och Doheem clever anzekafen:
Ech Kafe Clever - Gesondheetlech onbedenklecht an ëmweltschounend Schoulmaterial​
 
Bastelen, molen, schreiwen: Kanner verbrénge meeschtens vill Stonnen an direktem Kontakt mat verschiddene Mol-, Schreif- a Bastelutensilien. Dofir ass et wichteg, dass dës Produiten d'Gesondheet vun de Kanner net onnéideg belaaschten. Ausserdeem verbrauche Kanner vill vun dësem Material. Nieft engem spuersamen Ëmgang mam Material kann een Ënweltschied och reduzéieren andeems ee just Produite keeft, déi ee geréngen Impakt op d'Ëmwelt hunn. www.ech-kafe-clever.lu
Dingdong.lu - Deelen amplaz Kafen
 
Vill Haushaltsapparater gi just seele wierklech genotzt an huelen de Recht vun der Zäit onnéideg Plaz ewech. D'Plattform “DingDong.lu” wëll et vereinfachen, Haushaltsapparater mat Noperen ze deelen. Weider Informatioune fënns du op der offizieller Internetsäit: www.dingdong.lu​
                       Rappel                            
 
Et drëpst:
direkt reagéieren!
 
Mell dech bei dengem Energiebeoptragte wann s du en ondichte Krunn oder eng Fuite bemierks!
 
 
Geräter gemeinsam notzen
 
Frigo, Kaffismaschinn, Waasserkocher a Mikrowell
kënne ganz einfach mat Aarbechtskollege gedeelt ginn!
 
 
Daagesliicht
notzen
 
Büro bei d'Fënster, dës net mat Planzen oder Riddoe verdecken a réigelméisseg botzen & fir Wänn, Plafong a Miwwelen hell Farwe wielen!
 
 
 
Projet Energie [light] by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
 
Gesendet von
SendinBlue
 
 
© 2019 Energielight