["Energielight"]
 
Thema vum September - vol.1
Richteg drécken
 
An engem Büro gëtt all Dag Energie verschwent. Och wann e grondsätzlecht Versteesdemech fir d’Energiespueren do ass, ginn dach ëmmer nees vill Energiefriesser iwwersinn. Hei e puer Tipps, wéi een beim Drécken a Kopéieren Energie a Suen aspuere kann.
Laser oder Tëntestral?
Virdeeler:
Op speziellem Pabeier kënne si ganz gutt Fotoe liwweren – vergläichbar mat richteg beliichte Biller. Ausserdeem kënne si ouni Rand drécken an och op spezielle Medien (z.B. CDen).
 
Nodeeler:
Jee no Qualitéit vun der Tënt sinn d’Ausdréck waasser- oder liichtempfindlech. Ausserdeem kann den Druckkapp ausdréchnen, wann den Drécker länger net benotzt gouf. Fir dat ze verhënneren, ginn d’Düsen mat Tënt gespullt – esou gëtt Tënt verbraucht, och wann net vill gedréckt gouf.
Virdeeler:
Sinn an der Reegel ganz séier an drécken virun allem Text méi schaarf. D’Ausdréck si meeschtens liicht- a waasserbestänneg. Den Toner kann net andréchnen. Esou sinn si och fir Leit interessant, déi net reegelméisseg drécken.
 
Nodeeler:
Si méi déier an huelen méi Plaz ewech. Si drécke Fotoen net esou präzis wéi Tëntestraler. Ausserdeem emittéiere si Stëbs a Partikelen an d’Loft. Et ass nach net wëssenschaftléch nogewisen, dat dës Partikelen krank maachen, et sollt een e Laserdrécker awer trotzdem am beschten an engem separate Raum opstellen an net direkt um Büro.
Fazit:
 
Tëntestraler si gutt fir Fotoen ze drécken a fir reegelméissegt Drécken vun net allze ville Säiten. Laserdrécker sinn opgrond vun der Vitesse besser gëeegent, wann ee vill dréckt. Awer och Leit, déi wéineg drécken, fuere besser mat engem Laser, well d’Kartuschen net verdréchne kënnen. Wann een virun allem Text dréckt, ginn et kaum nach Ënnerscheeder am Präis.
 
Esou dréckt een energiespuerend
 
 
  • Dréckt mat klenger Opléisung (Economy oder Draft) an onbedéngt recto-verso.
  • Dréckt am beschten e puer Blieder mateneen. Esou muss den Drécker net all Kéier nei opgehëtzt ginn an et spuert een Energie.
  • Wielt virum Drécken d’Optioun „print preview“, fir onnéideg Drécken ze vermeiden.
  • Wa méiglech, d’Ränner an d’Schrëft méi kleng maachen, esou spuert een Toner an och Pabeier.
  • Wann der zesumme mat aneren un engem Dokument schafft: Notzt d’Méiglechkeet, den Dokument elektronesch ze editéieren.
  • Eesäiteg bedréckt Pabeier kann een ëmmer nach fir Notte benotzen.
 
Ressource schoune mat Recyclingpabeier
An der Produktioun vu Recyclingpabeier ginn am Verglach mat Frischfaserpabeier bis zu 70% manner Waasser a bis zu 60% manner Energie verbraucht. An och d’Bëscher gi geschount, well kee frëscht Holz verbraucht gëtt.

E Beispill:
Mat engem Pak (500 Blieder) Recyclingpabeier spuert een esou vill Energie an, wéi eng 15W-Energiespuerluucht an 290 Stonne verbraucht.
Tipps an Tricks                                        
fir och Doheem einfach Energie a Geld ze spueren:
Beim Neikaf op Energielabele kucken
 
Beim Kaf vun engem Drécker sollt ee ganz ähnlech virgoe wéi wann een z.B. en neie Frigo keeft. Et kann een natierlech den éischtbeschte „Schnäppchen“ kafen. Awer wéi gesäit et et mat de Käschten am lafende Betrib aus?

Dir kënnt Iech och un dëse Labelen orientéieren:
 
 
 
De BLAUEN ENGEL iwwerpréift nieft Ëmwelt-, Gesondheets- a Konsumenteschutzkriteren och d’Energieeffizienz vu Geräter. Fir de Label ze kréien, mussen eng Rei Ufuerderungen un d’Leeschtungsopnam am Standbymodus an un de Stroumverbrauch erfëllt ginn.
 
Den ENERGY STAR kennzeechent Bürosmaschinnen, déi gewëss Mindeststandarde vun der Energieeffizienz erfëllen. De Label ass wäit verbreet, et ginn awer eng Rei vu Kritikpunkten: D‘Kritere sinn ze schwaach, well si vun ongeféier 70% vun de Geräter erfëllt ginn. Ausserdeem ginn d’Deklaratioune vun den Hiersteller net kontrolléiert.
 
Reell Käschte vun angebleche "Bellegofferen"
Et fënnt een um Marché eng ganz Rei vun extrem gënschtegen Dréckeren. Do muss een awer ëmmer och kucken, wéi deier d’Toner- oder Tëntekartusche bei dëse Modeller sinn. Kann den Drécker gefléckt ginn a gëtt et e gudde Support vum Hiersteller? Och de Standby-Verbrauch ass bei gënschtege Geräter dacks immens héich. Dofir: Loosst Iech net vun extreme Bëllegpräisser lackelen!
Rappel
Zu Fouss an d'Vakanz
 
Et muss net ëmmer wäit fort sinn. Plang einfach emol eng Wandervakanz an der Regioun. Och hei am Land gëtt et vill ze Entdecken an zu Fouss huet een d'Flexibilitéit fir emol stoen ze bléiwen an sech eppes ganz am Detail unzekucken. Esou eng Wanderrees entschleunegt an entspaant! Ausserdeem ass dëst ganz positiv fir d'Fitness an d'Gesondheet.
 
Projet Energie [light] by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
 
Sent by
SendinBlue
 
 
© 2019 Energielight