["Energielight"]
 
Extra-Newsletter Rentrée
Mir hoffen, dir hat e flotte Summer. Elo heescht et, nees an de „Normalbetrib“ ze schalten. Dat gëllt fir ee selwer, mee och fir déi divers Geräter, wou dir hoffentlech virun der Vakanz de Stecker gezunn hat.

Mat dëser Newsletter wëlle mer Iech e puer Tipps fir déi kal Joreszäit ginn an och gläichzäiteg motivéieren, mam Projet Energie light reloaded nees unzerappen!
Heizung
Bei dem waarme Wieder an de lëschte Wochen denkt een zwar nach net drun, awer geschwënn wäerten  d‘Temperaturen esou lues erof goen, an d’Deeg gi méi kuerz.

Déi kal Joreszäit ass d’Haaptsaison fir Energie ze spueren, dofir onbedéngt drun denken:
  • Heizungsrevisioun maache loossen
  • Heizkierper fräi raumen an entlëften
 
Fir nach méi Tipps kuckt einfach nach eng Kéier op eis Homepage:
 
Fënster an Dieren
Virun allem am Wanter mierkt een direkt, wa Fënster an Dieren net méi dicht schléissen.
 
Och wa se optimal montéiert goufen, ka sech d’Mechanik am Laf vun der Zäit verstellen a se sinn net méi ganz dicht.
Esou kënnt dir ganz einfach d’Dichtegkeet vun enger Fënster testen:
Fënster opmaachen, e Blat Pabeier an de Rumm leeën an d’Fënster nees zoumaachen. Wann een dann d’Blat net méi erauszéie kann, ass d’Fënster op dëser Plaz nach dicht. Den Test op e puer Plaze vun der Fënster widderhuelen.
 
An dësem Video gesäit ee wéi den Test richteg gemaach gëtt:
 
Video Fënstertest
 
Beliichtung
Den 1. September 2018 ass de leschten Deel vun der sougenannter „EU-Lampenverordnung“ a Kraaft getrueden. Et däerfe keng Halogenluuchte méi verkaf ginn, déi net eng Effizienzklass B erreechen.
Et ginn awer nach e puer Ausnamen, eng gutt Iwwersiicht fënnt een hei:
 
Info Halogenluuchten
 
Halogenluuchten, déi nach fonctionnéieren, mussen net direkt ewechgeheit ginn. Kuckt awer, dass dir se no a no duerch LED-Luuchten ersetzt.
 
Lëften
 
Soubal d’Heizkierper nees am Gebrauch sinn, ass et ganz wichteg, richteg ze lëften, fir net allzevill Energie aus der Fënster ze geheien.

Dobäi kann een sech ganz gutt eng einfach Regel mierken:
 
 
 
Op eisem Internetsite fannt dir nach eng ganz Rei vun Tipps zum Thema Lëften:
 
www.energielight.lu/richteg lëften
 
 
Projet Energie [light] reloaded by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
 
Gesendet von
SendinBlue
 
 
© 2019 Energielight