["Energielight"]
 
Thema vum August - vol.2
Mobilitéit
 
Beweegung ass gutt fir deng Fitness an deng Gesondheet an du spuers och oft nach gläichzäiteg Energie a Geld! Bau an däin Alldag esou vill Beweegung wéi méiglech an.
Méi Virdeeler vun der doucer Mobilitéit:
 
 
Zäit spueren
 
Direkt prett, méi kuerz Strécken (Ofkierzungen), kee Stau, Parkplazen virun der Dier
 
Méi roueg
 
Manner Verkéiersgeräischer
 
Loftqualitéit
 
Verbessert Loftqualitéit well manner Schuedstoffemissiounen
 
 
 
Méi Plaz
 
Manner a méi kleng Stroossen, méi kleng oder keng Parkplazen
 
Naturschutz
 
Manner Infrastruktur = manner Liewensraum-zerstéckelung & manner Vitesse = manner Zesummestéiss mat Déieren
 
Klimaschutz
 
Manner CO2-Emissiounen 
 
Duerch Beweegung Energie op der Aarbecht spueren
Vum Sesselfuerzer zum Sportler
Drucker am separate Raum notzen a nëmmen dann aschalten, wann s du en och brauchs!
 
Vill Druckgeräter (virun allem eeler Geräter) verbrauchen Energie, och wa se guer net schaffen. Schalt den Drucker nëmmen dann un, wann s du en brauchs a schalt en dono erëm aus. Wann den Drucker sech an engem anere Raum befënnt sammels du doduerch net nëmme Schrëtt, du bass ausserdeem net permanent de Schuedstoffer ausgesat, déi wärend dem Drécken entstinn.
D'Kaffis- oder Téipaus an der Büroskiche plangen!
 
Reegelméisseg kuerz Pausen si wichteg. Wann d'Kaffismaschinn, de Wasserkocher oder d'Waasserkaraff an der Büroskiche stinn an net am Büro sëlwer, huet dës de positiven Effekt, dass een opsteet an sech bewegt. Hei kann ee wärend engem kuerze Gespräich mat de Mataarbechter och gäre bëssi stoe bléiwen. D'Notzung vun enger gemeinsamer Kaffismaschinn / Wasserkocher / Frigo etc. duerch all d'Mataarbechter huet bekanntlech och nach vill aner Virdeeler.
Op Besuch bei Kollegen
- Direkte Kontakt digitale Medie virzéien
 
Bei Gespréichsbedarf mat Aarbechtskollegen einfach emol opstoen an den Aarbechtskolleg a sengem Büro besichen amplaz den Telefon ze huelen oder eng E-Mail ze schreiwen. Positiven Nieweneffekt: E perséinleche Kontakt erliichtert oft d'Kommunikatioun.
Tipps an Tricks                                        
fir och Doheem einfach Energie a Geld ze spueren:
Zu Fouss op Entdeckungsrees
 
Et muss net ëmmer wäit fort sinn. Plang einfach emol eng Wandervakanz an der Regioun. Och hei am Land gëtt et vill ze Entdecken an zu Fouss huet een d'Flexibilitéit fir emol stoen ze bléiwen an sech eppes ganz am Detail unzekucken. Esou eng Wanderrees entschleunegt an entspaant! Ausserdeem ass dëst ganz positiv fir d'Fitness an d'Gesondheet.
                       Rappel                            
 
Standby-Modus vermeiden
 
Stecker zeien oder Multiprise notzen - och fir Blëtz-Schlag, Iwwerspanung a Brandgefor virzebeugen
 
Pult queesch zur Fënster
 
Esou gëtt ze vill Schiet um Pult evitéiert an et gëtt ee manner geblennt
 
 
 
Méi laang notzen anstatt nei kaafen!
 
De gréissten Undeel un den CO2-Emissiounen vun engem Computer huet d'Produktioun
 
 
 
 
Projet Energie [light] reloaded by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
 
Gesendet von
SendinBlue
 
 
© 2019 Energielight