["Energielight"]
 
Thema vum August - vol.1
Mobilitéit
 
Beweegung ass gutt fir deng Fitness an deng Gesondheet an du spuers och oft nach gläichzäiteg Energie a Geld! Bau an däin Alldag esou vill Beweegung wéi méiglech an.
Deng Virdeeler vu vill Beweegung
op denger Aarbechtsplaz:
 
 
Fokus
 
​Steigerung vun der Konzentratioun an der Produktivitéit
 
Gléck
 
Waakregt Ausgesinn an Ausschëdden vu Gléckshormonen
 
Gesondheet
 
Reduzéiert de Risiko vu verschiddene Gesellschaftskrankheeten a stäerkt d'Immunsystem
 
 
 
Fitness
 
Fitness & Selbstsécher Kierperhaltung duerch Verbesserung vum Kierpergefill
 
Spueren
 
Energie a Geld spuere well manner Käschten
 
Flexibilitéit
 
Méi Strecke-méiglechkeeten (Ofkierzungen), méi Parkméiglechkeeten
& Kee Stau
 
 
Weider Virdeeler stelle mir dir an der nächster Newsletter fir! 
 
Duerch Beweegung Energie op der Aarbecht spueren
Mam Vëlo / zu Fouss op d'Aarbecht
& op Versammlungen
 
Notz däin Aarbechtswee fir esou vill Schrëtt wéi méiglech ze sammelen! 10.000 Schrëtt am Dach sinn d'Ziel! 1 Stonn gemittlech Vëlo fueren entsprécht ca 7.500 Schrëtt.
 
​Du hues Ausrieden? Mir hu Léisungen:
  • Mam Auto sinn ech méi schnell
    Am urbane Raum ass ee bis zu 500 m zu Fouss am schnellsten. Bis 5 km ass ee mam Vëlo a bis 15 km mam Pedelec méi séier wéi mam Auto. (Ofhängeg vum Verkéier). Du wunns méi wäit ewéi 15 km vun denger Aarbechtsplaz ewech? Dann deel däin Aarbechtswee an Etappen op!
  • Ech brauch mäin Auto och no der Aarbecht nach
    Amplaz dräi mol em de Block ze fuere fir eng Parkplaz virun der Dier ze fanne kanns du dir och eng einfach erreechbar Parkplaz méi wäit ewech sichen an zu Fouss bis op de Büro treppelen.
  • Ech komme mam ëffentlechen Transport
    Verzicht op eng Sëtzplaz. Bei guddem Wieder einfach emol 1-2 Statioune méi frei erausklammen an de rëscht zu Fouss oder mam ausgeléinte Vëlo maachen.
  • Zu Lëtzebuerg reent et ze oft
    ​300 Deeg /Joer weise kee groussen Nidderschlag op (<5 l/m2). Dës Ausried gëllt deemno meeschtens net.
 
Trape klammen! 
 
Energiespuere mat Knack-Aarsch-Garantie! Méi präiswäert Sport maache geet net! Notz all Trap, déi dir an de Wee kënnt fir däi Kierper a Form ze bréngen an däi Mëttegiessen ofzetrainéieren!
 
Du hues Ausrieden? Mir hu Léisungen!
  • Du schaffs um 10 Stack a schaffs et (nach) net bis ganz erop?
    Kee Problem! Notz de Lift bis op de 5ten Stack a géi vun do aus zu Fouss. All Woch kann dann ee Stack dobäi kommen.
  • Du hues meeschtens Akten, Këschten oder Akafstuten ze schleefen
    Ruff dir de Lift a lee däi Gepäck dran. Dann trëppel bis op däi Stack an huel däi Gepäck aus dem Lift. Domadder spuers du zwar keng Energie, mëss awer trotzdeem eppes fir deng Fitness an deng Gesondheet.
     
Du brauchs zousätzlech Motivatioun?
  • Verschéiner däin Trapenhaus mat witzege Spréch, Biller oder interessanten Informatiounen.
  • Installéier op all Stack e Schëld mat der Unzuel u Schrëtt, déits du vun der Entrée bis op de Stack gemaach hues.
 
Tipps an Tricks                                        
fir och Doheem einfach Energie a Geld ze spueren:
Manner mee méi oft Akafe goen
​da geet et och zu Fouss oder mam Vëlo
 
Du muss nach bei de Bäcker oder dir feelt nach d'Salz? Notz dës Geleeënheet a géi zu Fouss oder mam Vëlo. Och déi grouss Wochekommissioun kann ee wonnerbar op 3 Deeg opdeelen, sou dass och dat schwéiert Tuteschleefen entfält. Geet een 3 mol an der Woch zu Fouss oder mam Vëlo Akafe mëscht een automatesch 3 mol d'Woch eppes gudde fir seng Fitness an seng Gesondheet. E weidere positiven Effekt: et huet een ëmmer frësch Liewesmëttel am Haus an de Frigo ass um Ufank vun der Woch net esou ganz vollgestopft.
                       Rappel                            
 
Et drëpst:
direkt reagéieren!
 
Mell dech bei dengem Energiebeoptragten wann s du en ondichte Krunn oder Chasse bemierks!
 
 
Geräter gemeinsam notzen
 
Frigo, Kaffismaschinn, Waasserkocher a Mikrowell
kënne ganz einfach mat Aarbechtskollege gedeelt ginn!
 
 
Daagesliicht
notzen
 
Büro bei d'Fënster, dës net mat Planzen oder Riddoen verdecken a réigelméisseg botzen &
Fir Wänn, Plafong an Miwwelen hell Farwe wielen
 
 
 
Projet Energie [light] reloaded by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
 
Gesendet von
SendinBlue
 
 
© 2019 Energielight