["Energielight"]
 
Thema vum Juli - vol.2
Richteg klimatiséieren
 
"Lëften a killen – wou ass de Problem? Eng Fënster opmaache kann dach jiddwereen!”
A ville Büroen ass dës Meenung nach ëmmer verbreet. Et ginn awer eng Rei vu wëssenschaftlechen Etuden, déi beweisen, dat e gutt Raumklima wichteg ass fir d’Konzentratioun an d’Leeschtungsfäegkeet.
A wann eng Gemeng dëst Thema richteg ugeet, kann och nach ganz vill Energie gespuert ginn.
Eis Tipps hëllefen Iech dobäi.
Flexibel Aarbechtszäiten an intelligent lëften
Besonnesch am Héichsummer kann et sënnvoll sinn, flexibel Aarbechtszäiten unzebidden. Och wann net all d‘Mataarbechter dat gutt fannen: et ass fir deen een oder anere sécher méi agreabel, an der Mëttesstonn eng méi laang Siesta ze halen an dofir moies méi fréi unzefänken oder owes méi laang ze schaffen.
 
Och d’Lëften am Büro sollt am Summer ugepasst ginn. Am beschten ass et, an der Nuecht oder moies fréi d’Gebai ze lëften an d’Fënsteren zou ze loossen, soubal d’Sonn ze intensiv gëtt. D’Froe vun der Sécherheet vum Gebai mussen natierlech am Virfeld gekläert ginn.
 
Planzen als natierlech Klimaanlag notzen
E grénge Büro wierkt sech stressreduzéierend op d’Mataarbechter aus a spuert och nach Energie. D’Planze kënnen d’Funktioun vun enger Klimaanlag deelweis iwwerhuelen. Beispillsweis verdonsten si bal all d’Waasser iwwert hir Blieder, esou klëmmt d‘Loftfiichtegkeet am Büro.
 
Zousätzlech filteren si d’Loft, baue Schuedstoffer wéi Formaldehyd oder Benzol of, a wandelen CO2 a Sauerstoff ëm.

3 bis 5 gréisser Planzen an engem Büro vun 30 m2 ginn duer, fir d’Raumklima ze optiméieren.
 
Mat kaalem Waasser killen amplaz mat engem Ventilator
E Ventilator bewierkt duerch d’Verwirbelung vun der Loft, dat een op der Haut eng Ofkillung spiert. Dat läit dorunner, dat d’Fiichtegkeet op der Haut duerch d’Loftbeweegung méi schnell verdonste kann. D’Temperatur am Raum kann een doduerch awer net erofsetzen.

Eng sënnvoll Alternativ zum Ventilator: d‘Nuque an d’Hänn reegelméisseg mat Waasser ofkillen. Oder (wann dat méiglech ass) d’Féiss an eng Schossel mat kalem Waasser stellen.
Iessen an drénken am Summer
Virun allem bei Hëtzt soll een och op der Aarbecht genuch drénken – am beschte Waasser oder anert Gedrénks ouni Zocker.

Awer opgepasst wann d‘Gedrénks ze vill kal ass: et fänkt een nach méi u mat Schweessen!

Fir d’Mëttespaus gëllt: liicht verdaulecht Iesse wéi Zalot an Uebst ass fir de Kierper am beschten.
 
Wat dat mat Energie spueren ze dinn huet?
Jee besser de Kierper duerch eng gutt Ernärung mat den héichen Temperaturen eens gëtt, desto manner muss d’Klimaanlag lafen.
 
Tipps an Tricks                                        
fir och Doheem einfach Energie a Geld ze spueren:
Moossname géint summerléch Hëtzt
fir Baussemauer an Daach
D’Baussemauere kann een esou géint ze vill Hëtzt schützen:
  • Planzen ewéi Efeu oder Beem spende Schied
  • D’Mauere wäiss oder an helle Faarwen usträichen
  • D’Maueren dämmen 
 
Fir den Daach gëllt am Prinzip dat selwecht:
  • Daachbegréngung
  • Hell oder wäiss Ofdeckung wielen
  • Den Daach dämmen (am beschte mat mineraleschen Dämmstoffer)
 
Rappel
 
 
Drenkt Waasser !
 
An enger schéiner Karaff a mat e puer Zitrounendrëpsen oder frëscher Menthe schmaacht et am Summer nach méi gutt!
 
Mam Vëlo op d'Aarbecht
 
Elo an der Vakanzenzäit ass eng gutt Geleeënheet, de Wee op d'Aarbecht mam Vëlo ze testen! 
 
 
Projet Energie [light] by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
 
Sent by
SendinBlue
 
 
© 2019 Energielight