["Energielight"]
 
Extra-Newsletter Summervakanz
Momentan freeën sech vill Leit op hier wuelverdéngt Vakanz. Awer och wann dir ënnerwee sidd, leeft de Stroumzieler am Büro oder doheem virun.
 
Dofir: De Stecker zéien!
 
Virun allem eeler Geräter hunn e relativ héije Stand-by-Verbrauch. Am Büro kann een eng Rei vu Geräter komplett vum Netz trennen:
  • Akku- an Handychargeuren
  • Kaffismaschinn, Mikrowell
  • Drucker
  • PC a Moniteur
 
Frot virdrun onbedéngt Ären IT-Beoptraagten, wéi eng Geräter dir ouni Problemer ofschalten däerft! 
 
Vakanz och fir de Frigo
D’Summervakanz ass eng gutt Geleeënheet, de Frigo an d'Gefréierfach eng Kéier komplett eidel ze maachen, ze botzen an ze entdeeën.
 
Loosst awer onbedéngt d’Dier opstoen, soss entsteet Schimmel!
 
An desem Video fannt dir zousätzlech Tipps:
 
Gefréierfach entdeeën
Nach en Tipp fir doheem
 
Nodeems d'Geräter ofgeschalt sinn: Notéiert iech de Stand vum Stroumzieler virum Start an d'Vakanz. Esou gesitt dir, ob wierklech déi meescht Geräter aus waren oder ob dir nach iergendee verstoppte „Stroumfriesser“ iwwersinn huet.
 
 
Projet Energie [light] by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
 
Sent by
SendinBlue
 
 
© 2019 Energielight