["Energielight"]
 
Thema vum Juli - vol.1
Richteg klimatiséieren
 
"Lëften a killen – wou ass de Problem? Eng Fënster opmaache kann dach jiddwereen!”
A ville Büroen ass dës Meenung nach ëmmer verbreet. Et ginn awer eng Rei vu wëssenschaftlechen Etuden, déi beweisen, dat e gutt Raumklima wichteg ass fir d’Konzentratioun an d’Leeschtungsfäegkeet.
A wann eng Gemeng dëst Thema richteg ugeet, kann och nach ganz vill Energie gespuert ginn.
Eis Tipps hëllefen Iech dobäi.
Sonneschutz notzen
 
 
Jee manner Hëtzt am Summer vu baussen an d’Gebai kënnt, desto manner muss dobanne gekillt ginn.

E Sonneschutz baussen ass méi efficace wéi eng Léisung vu bannen. D’Sonnestralen an domadder d’Hëtzt gi bausse reflektéiert resp. absorbéiert a kommen esou guer net an d’Gebai eran. Am Fall vun engem bannenzege Sonneschutz geschitt dat am Fong och, awer d’Hëtzt ass da schonns am Gebai a kann net méi esou einfach eraus.

Et loossen sech esou méi wéi 50% vun der néideger Killenergie spueren. Am ideale Fall ass guer keng mechanesch Klimaanlag méi néideg.
 
Ophëtzung vermeiden
Och wann am Summer d’Heizung net méi un ass, ginn d’Raim duerch sougenannt intern Quelle „gehëtzt“. D’Leit selwer an och d’technesch Equipementer produzéiere Wiermt. Dofir sollten d’Geräter déi net permanent gebraucht ginn, entweder ausgeschalt oder an en anere Raum gestallt ginn.
 
Ouni zousätzlech Klimaanlag sollt een net méi wéi 300 Watt (pro Persoun) u Wiermt am Gebai produzéieren. Dës Grafik weist Beispiller, wéi vill Wiermt vu verschiddene Bürosequipementer produzéiert gett:
 
 
Source: O.Ö. Energiesparverband
 
Klimaanlag sënnvoll notzen
Eng mechanesch Klimaanlag sollt nëmmen an engem Extremfall installéiert ginn. Falls dir keng aner Méiglechkeet hutt, hei e kuerzen Iwwerbléck iwwert déi verschidde Geräter. Passt awer virun allem op den Energieeffizienz-Label op!
Klima-Kompaktgeräter: léiwer net!
 
Mobil Klimageräter ginn iwwerall relativ gënschteg ugebueden. Wann een awer op den Energieverbrauch kuckt, ass et relativ séier kloer, datt esou e Gerät net sënnvoll ass – virun allem, wann et sech ëm eng Kompaktanlag handelt. Hei gëtt déi waarm a fiicht Loft iwwert e Schlauch duerch eng Fënster- oder Dierspléck no bausse geleet. Esou kënnt awer och ëmmer nees waarm Loft vun dobaussen an de Raum eran a reduzéiert esou de Killeffekt.
 
Weider Nodeeler sinn de Kaméidi an déi mangelnd Sécherheet vum Gebai. Dat eenzegt, wat do ganz sécher ronn leeft ass de Stroumzieler!
 
Split-Geräter:
 
Split-Geräter hunn eng däitlech besser Kill-Leeschtung a gi fest installéiert. Si hunn eng Unitéit dobannen an eng dobaussen.
 
Wann dir et méi genee wësse wëllt:
 
 
Esou funktionéiert e Split-Gerät
 
Wann dir e Klimagerät bedreift, passt op dës Reegelen op:
D’Temperaturdifferenz banne-baussen sollt net ze grouss sinn. Wann et dobaussen z.B. 35°C sinn, soll een dobanne net manner wéi 25°C astellen. D’Differenz zu Raim déi net gekillt ginn, sollt net méi grouss si wéi 5°C.

Dat ass net nëmmen aus gesondheetleche Grënn besser, mee och well een doduerch manner Energie verbraucht.
 
Tipps an Tricks                                        
fir och Doheem einfach Energie a Geld ze spueren:
Passiv killen - e Konzept fir den Neibau
Wann ee konsequent d’Wärmelaaschte reduzéiert, kann e Gebai ouni Klimaanlag funktionéieren – a ville Fäll souguer ouni eng Lëftungsanlag.
Esou ginn nieft den héiche Käschte fir Planifikatioun an Entretien vun enger Klimaanlag och Energie an domadder CO2-Emissioune reduzéiert.
 
Komponente vun engem Konzept mat passiver Killung:
  • Baudeeler mat enger héijer thermescher Späicherkapassitéit auswielen (resp. Baudeelaktivéierung)
  • Begrenzung vun der Wärmezufuhr (bausseleiende Sonneschutz)
  • Reduzéierung vun den interne Laaschten (Reduzéierung Beliichtung an technesch Equipementer)
  • Nuetslëftung (fräi, mechanesch oder hybrid)
  • Verdonstungskillung: notzt den Effekt, datt beim Verdonste vu Waasser Keelt entsteet. D’Käschte sinn ca. 90% méi niddreg wéi bei enger klassescher Klimaanlag.
  • Eng reversibel Wärmepompel ka fir ze hëtzen awer och fir ze kille genotzt ginn.

Wéi esou oft gëtt et fir d’Konzept vun der passiver Killung kee Patentrezept – loosst Iech op alle Fall vun engem Expert ausféierlech beroden!
 
                       Rappel                            
 
 
Op LED-Beliichtung ëmsteigen 
 
LED-Luuchten sinn méi spuersam a produzéieren manner Hëtzt.
 
Luucht no Bedarf un- an ausschalten!
 
An der heller Joereszäit gutt oppassen, dat d'Luuchten net onnéideg ugelooss ginn!
 
 
Projet Energie [light] by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
 
Sent by
SendinBlue
 
 
© 2019 Energielight