["Energielight"]
 
Thema vum Juni - vol.2
Waasser
 
Waasser spueren heescht och d'Ëmwelt an d'Ressourcen ze schounen.
Och wann zu Lëtzebuerg d’Waasserreserven am Normallfall net knapp sinn, sollt een dach verantwortungsvoll domadder ëmgoen.
Drénkt Waasser !
 
Normalerweis ass een net bereet, honnert mol méi fir de selwechte Produit ze bezuelen. Wann et ëm d‘Waasser geet, ass dat awer anescht!

E Liter Mineralwaasser kascht 60 – 80 Cent, e Liter Krunnewaasser grad emol 0,6 Cent!
 
Et gëtt keng wierklech Grënn, d’Krunnewaasser net ze drénken: d’Qualitéit ass beschtens, et ass gënschteg, gëtt fräi Haus geliwwert a kënnt och ouni Transport a Verpackung aus.
 
Mat e puer Tricke kann een d’Krunnewaasser och nach e bessi oppimpen: an enger schéiner Karaff a mat e puer Zitrounendrëpsen oder frëscher Menthe gëtt et net nëmme geschmaachlech opgewäert.
 
E puer Fakten zum Waasser
An deser Broschür fannt dir nach méi interessant Fakten zum Waasser zu Lëtzebuerg:
 
Broschür "Eist Waasser"
Toilette a Spullsteen si keng Dreckskëscht!
Tipps an Tricks                                        
fir och Doheem einfach Waasser a Geld ze spueren:
Ressource schounen
Fir d'Haus propper ze halen, brauch een am Fong nëmmen 4 verschidden Produiten:
  • Allzweck-Botzmëttel
  • Essegreiniger oder Zitrounesaier
  • Scheuerpulver
  • Spiritus
Wien reegelméisseg botzt, kann op deier Spezialreiniger an op Desinfektiounsmëttel verzichten an dréit dozou bäi, d'Ofwaasser net onnéideg ze belaaschten.
 
Méi Tipps fir doheem:
  • Op Weichspüler verzichten.
  • Den Auto an der Wäschanlag wäschen, net doheem.
  • En Héichdrockreiniger ass meeschtens iwwerflësseg an verbraucht ca. 300 bis 500 Liter Waasser an der Stonn. Oft gëtt och vill ze vill Botzmëttel zougesat.
  • Am Wanter Sand oder Splitt amplaz vu Salz streeën.
 
Waasser spueren am Gaart
  • Reewaasser vum Daach an enger Tonn oder Zetär sammelen an fir de Gaart benotzen.
  • De Gaart no Méiglechkeet owes nätzen, well soss d’Waasser direkt nees verdonst.
  • Ëmmer gezillt an direkt um Buedem nätzen, net op de Blieder.
  • Léiwer méi seelen awer dann intensiv nätzen, sou dat d’Waasser 10 cm an den Buedem andréngt.
  • De Wues net ze kuerz méinen, dann gëtt en och no enger längerer dréchener Period ouni Reen nees gréng.
 
Projet Energie [light] reloaded by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
 
Sent by
SendinBlue
 
 
© 2019 Energielight