["Energielight"]
 
Thema vum Juni - vol.1
Waasser
 
Waasser spueren heescht och d'Ëmwelt an d'Ressourcen ze schounen.
Och wann zu Lëtzebuerg d’Waasserreserven am Normalfall net knapp sinn, sollt een dach verantwortungsvoll domadder ëmgoen.
Opdeelung Waasserverbrauch
 
 
Vergläicht een déi duerchschnëttlech Opdeelung vum Waasserverbrauch an engem Stot mat där vun engem Bürosgebai, fält op, dat de Verbrauch vum Sanitär an engem Bürosgebai en Undeel vun méi wéi 80% huet.
 
Aspuerungen am Beräich vum Sanitär an engem Bürosgebai fale méi staark an d’Gewiicht wéi doheem!
 
Et drëpst: direkt reagéieren!
En drëpsende Krunn verléiert bis zu 4 Liter Waasser pro Stonn. Op ee Joer gerechent geet dat duer fir iwwer 200 Mol eng Buedbidden ze fëllen!

Nach méi Waasser geet duerch eng defekt Toilette-Chasse verluer: dat kënne bis zu 25 Liter pro Stonn sinn.
 
Dofir: Mellt iech bei ärem Energiebeoptragten, wann dir en ondichte Krunn oder Chasse bemierkt!
 
Waasserleitungen regelméisseg kontrolléieren!
 
 
Fuitten an der Waasserleitung sinn ee vun den Haaptgrënn, firwat Waasser onbemierkt verluer geet. Besonnesch a gréissere Gebaier kënnen dat séier dausende vu Liter sinn.

Dofir: Regelméisseg de Leitungssystem kontrolléieren!

Am einfachsten geet dat, wann e virun engem Weekend, wou d’Gebai net genotzt gëtt, de Waasserzieler ofliest an dann direkt nees Méindes Moies, éier de Betrib lassgeet. Sollt an dëser Zäit Waasser verbraucht gi sinn, ass dat e séchert Zeechen fir e Schued am Rouersystem oder un den Armaturen.
Awer opgepasst: Et muss e klären, ob net Waasser nach fir aner Prozesser gebraucht gëtt, déi och um Weekend lafen!
 
Tipps an Tricks                                        
fir och Doheem einfach Waasser a Geld ze spueren:
Virtuellt Waasser
Wat hunn 1.100 Blieder Pabeier, 13 Liter Mëllech an eng Jeansbox gemeinsam?
Fir dës Artikelen ze produzéieren, si jeeweils 11.000 Liter Waasser verbraucht ginn – en immense Waasserfoussofdrock.
 
Et brauch een also net nëmmen déi 150 Liter Drénkwaasser um Dag fir d’Hygiène an fir ze Kachen oder ze Botzen. Am Duerchschnëtt verbraucht eng Persoun zu Lëtzebuerg ca. 6.900 Liter „virtuellt Waasser“ pro Dag.

Dofir sollt ee kucken, méiglechst regional produzéiert Produiten ze kafen, fir de Waasserfoussofdrock ze miniméieren.

Hei kann een d'Waasserfoussofdréck vun alle Länner kucken:
 
Klengen Opwand, grouss Wierkung
Spuertips fir doheem:
 
E bewossten Ëmgank mat Waasser kann esou einfach sinn, wann een e puer Ugewunnegten ännert. Mam Waasserverbrauch geet och den Energieverbrauch erof, well d’Waasser oft nach muss erhëtzt ginn.
 
  • Spuersam Toilette-Spullkëschten verbrauchen bis zou 50% manner Waasser
  • Mat engem Duerchflossbegrenzer um Wasserkrunn gëtt den Waasserduerchfloss op ca. 6 Liter/Minutt reduzéiert. Domadder kann eng Famill mat 4 Persounen ca. 40 m3 pro Joer aspueren.
  • An der Buedbidden brauch een 150 Liter Waasser, fir eemol duschen sinn et nëmmen ca. 40 Liter!
  • Wäsch- an Spullmaschinn nëmmen voll belueden lafen loossen! 
  • Méiglechst regional an saisonal akafen – esou gëtt och virtuellt Waasser gespuert.
 
Rappel
     Solarluuchten                               Dämmerungsschalter
 
 
Déi däischter Joreszäit ass zwar elo eriwwer, awer vläicht huet dir Loscht, dobausse mol eng Solarluucht auszeprobéieren?
Duerch d'LED-Technologie sinn dës Luuchten vill méi performant ginn a kënnen elo och als vollwäerteg Luuchten agesat ginn, z.B. fir Weeër oder d'Entréeshal ze beliichten.
 
Dës Sensore schalten d'Luuchte jee no den agestallten Hellëgkeetswäerter un an och nees aus. Et fënnt ee Luuchte mat integréiertem Sensor, awer och fir nozerüsten.
Eng optimal Léisung ass dann nach d'Kombinatioun mat enger Zäitschaltauer oder engem Bewegungsmelder, esou brennen d'Luuchten net d'ganz Nuecht.
 
 
Projet Energie [light] reloaded by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
 
Sent by
SendinBlue
 
 
© 2019 Energielight