["Energielight"]
 
Thema vum Mee - vol.2
Büro-Kichen
 
Frigo, Kaffismaschinn, Wasserkocher, Mikrowell, Kachplack - An enger Büro-Kiche gëtt net nëmme Kaffi gedronk ma och Energie verbraucht. Déi wichtegst Froen, déi een sech hei stelle soll sinn déi folgend: Wéi ginn dës Geräter genotzt? Ginn dës Geräter richteg amstand gehalen? Gëtt et beim Neikaf keng méi spuersam Alternativ?
Standby-Modus vermeiden
Vill (virun allem eeler) Geräter verbrauche Stroum soubal de Stecker stécht, och wann se net ersiichtlech schaffen. Dofir ass et wichteg Geräter, déi net permanent genotzt ginn, direkt no der Notzung vum Stroum ze huelen.
                                          Stroumspuertipps fir d'Mikrowell
  • D'Mikrowell just notze fir kleng Portiounen ze erhëtzen (250g – 500g).
  • D'Mikrowell soll am beschten net genotzt gi fir gefrueren Iesssaachen ze entdeeën (am Noutfall ass dat ok, mee generell sollte gefrueren Iesssaachen am Frigo entdeet ginn)
  • Direkt um Teller opwiermen, dat spuert Spull an e Verloscht vun der Wiermt
  • Iesssaache flaach um Teller verdeelen, sou ginn dës méi séier waarm
  • Iesssaache beim opwierme mat engem Mikrowellendeckel ofdecken, sou dass d'Wiermt net verflitt
                                          Stroumspuertipps fir de Frigo
Tipps an Tricks                                        
fir och Doheem einfach Energie a Geld ze spueren:
Mat Noperen a Frënn deelen
 
Di meescht Haushaltsgeräter ginn nëmme seele genotzt an huelen de Rescht vun der Zäit Platz ewech. D'Iddi vun der Plattform “DingDong.lu” ass et Haushaltsgeräter mat Noperen ze deelen. Méi Informatioune fannt Dir op der Internetsäit vun der Plattform dingdong.lu
 
 
 
 
 
Energiespuertipps an der Kichen
Iesssaache stockéieren
 
  • Iesssaachen an zouene Behälter stockéiere fir keng Insekten an Déieren unzelackelen
  • Behälter notzen déi een epuer mol notze kann (Glas favoriséieren)
  • Nëmmen dat Uebst a Geméis am Frigo stockéieren, wat och d'Keelt verdréit
  • Virum afréieren d'Liewensmëttel portionéieren
Toasten / Baken
 
  • Fir d'Bréidercher vum Dag virdrun opzebaken  besser den Toaster ewéi de Bakuewen notzen – dat ka bis zu 70 % Energie spueren.
  • Mat Umluft baken. Sou gëtt d'Hetzt besser am Bakuewe verdeelt esou dass méi Bakblecher gläichzäiteg genotzt kënne ginn.
  • Wa méiglech, da besser d'Kachplack notze wéi de Bakuewen. De Bakuewe verbraucht generell 4mol sou vill Energie.
  • Wann een de Bakuewen notzt, da soll en och voll ausgenotzt ginn (méi Menüen/Kuche gläichzäiteg baken)
  • Gebäck, Brot a Gratin geléngen och, wann se an de kale Bakuewe gesat ginn. Virhëtzen ass just seelen néideg (Beispill Broutbaken)
 
Projet Energie [light] reloaded by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
 
Sent by
SendinBlue
 
 
© 2019 Energielight