["Energielight"]
 
Thema vum Mee - vol.1
Büro-Kichen
 
Frigo, Kaffismaschinn, Wasserkocher, Mikrowell, Kachplack - An enger Büro-Kiche gëtt net nëmme Kaffi gedronk ma och Energie verbraucht. Déi wichtegst Froen, déi een sech hei stelle soll, sinn déi folgend: Wéi ginn dës Geräter genotzt? Ginn dës Geräter richteg amstand gehalen? Gëtt et beim Neikaf keng méi spuersam Alternativ?
Geräter gemeinsam notzen
(Sharing Economy)​
Frigo, Kaffismaschinn, Waasserkocher a Mikrowell
kënne ganz einfach mat Aarbechtskollege gedeelt ginn!
 
 
 
 
 
Virdeeler:
  • Energieerspuernis (virun allem beim Frigo, dee permanent Stroum brauch)
  • Plaz spuerend
  • Eng Méiglechkeet sech "zoufälleg" ze treffen a sozial Kontakter ze fleege            bzw. sech auszetauschen
  • Reduzéierten Ënnerhalt well manner Geräter ënnerhale musse ginn
 
                                          Stroumspuertipps 
Kaffismaschinn
 
  • Eng Filterkaffismaschinn mat Warmhaltefunktioun brauch vill Energie. Méi sënnvoll ass et de Kaffi an enger Thermoskan iwwert e längeren Zäitraum waarm ze halen. Et gëtt och Filterkaffismaschinnen, wou de Kaffisbehälter schonn eng Thermoskan ass.
  • Kaffisvollautomate sollen onbedéngt mat engem Energiespuermodus equipéiert sinn. Wann den Energiespuermodus net aktivéiert ass, gëtt d'Waasser reegelméisseg erhëtzt an dëst verbraucht onnëtz Energie.
  • Eng Kaffismaschinn ouni Energiespuermodus (Typ Senseo a co) sollt no der Notzung direkt vum Netz geholl ginn (Stecker zéien).
Wasserkocher
 
  • Waasser fir Téi an och eng kleng Quantitéit "Kach-Waasser" soll am beschte mat dem Wasserkocher (vir-) geheizt ginn, dëst geet méi schnell an domadder méi energiespuerend wéi mat enger traditioneller Kachplack
  • Net méi Waasser wei noutwendeg zapen, sos geet d'Zäit bis d'Waasser waarm ass an den Energieverbrauch onnéideg an d'Luucht.
  • E Wasserkocher sollt reegelméisseg entkallekt ginn, dëst erhéicht d'Liewensdauer vum Gerät (+/- all dräi Méint mat Esseg, Essegessenz oder Zitrounensaier entkalleken)
                                          Op e Bléck
Tipps an Tricks                                        
fir och Doheem einfach Energie a Geld ze spueren:
Beim Akaf
 
  • Op d'Klima-Klass a Labels uechten --> www.oekotopten.lu
  • D'Gréisst vun de Geräter no Bedarf wielen.
  • Kombigeräter kënnen eng platzspuerend Alternativ sinn. Ob een Energie aspuert hänkt ganz vun dem spezifesche Bedarf of! Beim Kaf vun engem Frigo kann ee beispillsweis op d'Killfach verzichten, wann eng Killtruh schonn am Stot zur Verfügung steet (bis zu 1/3 Energie aspueren)
  • Eng Induktiouns-Kachplack verbraucht manner Energie wéi e Ceran-Kachfeld. D'Hëtzt gëtt duerch e Magnéitfeld nëmmen do produzéiert, wou se gebraucht gëtt - direkt um Dëppebuedem
  • Ob batteriebedriwwe kleng Geräter (wéi z.B. Kichewo, Eeërauer, Salzmillen, usw.) verzichten an di mechanesch Variant notzen
  • Al Geräter fachgerecht entsuergen
    --> www.e-collect.lu
Energiespuertipps beim Kachen
 
  • D'Schnellkachdëppen ass de Klimaschützer ënnert de Kachdëppen
  • D'Kachfeld passend zu der Gréisst vum Dëppen auswielen. All Zentimeter, wou d'Dëppe méi kleng ass wéi d'Plack féiert zu 20 - 30 % méi Energieverbrauch.
  • De passenden Deckel notzen! Scho bei engem gekippten Deckel brauch een doppelt, ouni Deckel souguer dräi mol sou vill Energie.
  • Notzt d'Reschtwiermt vun der Kachplack a schalt d'Plack scho 5 Minutte virun der Kachzäit aus.
  • Et spuert een Energie, wann ee mat manner Waasser kacht (Nuddelen, Gromperen,...)
  • Mam Eeërkacher brauch ee 50 -60% manner Energie, wéi wann een säin Ee an engem normale Kachdëppe kacht.
Energiespuertipps beim Spullen
 
  • D'Geschir net vun Hand virspullen, virun allem net mat waarmem Waasser
  • D'Dier vun der Spullmaschinn zou loossen, fir dass d'Iessensreschter net undréchnen. Sou brauch ee manner Spullmëttel an de Spuerprogramm geet duer.
  • Op de Virspullprogramm verzichten a Kuerz- a Spuerprogrammer notzen. E Spullgang mat 50 am platz 60° C brauch beispillsweis ca. 25 % manner Stroum.
  • Nom Spullgang d'Spullmaschinn ofschalten an d'Dier vun der Spullmaschinn opmaachen. Sou kann d'Geschir an der Loft dréchnen.
  • Nom Spullgang d'Spullmaschinn ofschalten. Déi meescht Maschinne lafen nämlech weider am Stand-by-Betrib.
  • De Filter reegelméisseg propper maachen a bei Bedarf Salz nofëllen. Dëst steigert d'Effizienz vum Spullgang a verlängert d'Liewensdauer vum Gerät
 
Projet Energie [light] reloaded by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
 
Sent by
SendinBlue
 
 
© 2019 Energielight