["Energielight"]
 
 
Thema vum Mäerz - vol. 1
Beliichtung
 
Wousst dir, dat d'Beliichtung bis zou 50% vum Stroumverbrauch vun engem Bürosgebai ausmaache kann? 
 
Mat moderner Beliichtungstechnik kann ee bis zu 85% vum Stroum aspueren.
 
Tipp 1: Luucht aus!
 
Kléngt logesch, erfuerdert awer eng gewëssen Disziplin! Gewinnt Iech un, d'Luucht auszeschalten, wann der méi laang wéi 10 Minutten de Raum verloosst.

Oder:
Proposéiert Ärem Energiebeoptraagten, zumindest a wéineg genotzte Beräicher (z.B. Kitchenette, Toilette, Ofstellraim)
Bewegungsmelder ze installéieren.

Fir reegelméisseg genotzte Raim (z.B. Büroen, Konferenzsäll) si
Präsenzmelder besser gëeegent. D'Beliichtung gëtt ofgeschalt, wann et entweder genuch Dagesliicht gëtt oder iwwert e bestëmmten Zäitraum keng Persoun méi am Raum ass.
 
Tipp 2: Iwwerpréift d'Beliichtungsstäerkt !
 
Oft sinn an engem Raum méi Luuchten installéiert wéi néideg. Proposéiert Ärem Energiebeoptraagten, d'Beliichtungsstäerkt an Ärem Büro mat engem Luxmeter ze moossen. Eventuell ginn eenzel Luuchte guer net gebraucht a kënnen ewechgeholl ginn.

D'Mindest-Beliichtungsstäerkten no ITM-Virschrëft
„ITM-CL 55.2 éclairage des lieux de travail“ sinn z.B.:
  • Büro: 500 lux
  • Couloir: 50 lux
  • Local sanitaire: 100 lux
  • Atelier: 500 – 1000 lux

D'komplett Virschrëft fannt dir hei:
 
http://www.itm.lu/files/live/sites/Itm/files/securite-sante/Conditions_types/old/cl55-2.pdf
 
Tipp 3: Déi richteg Beliichtung op der Aarbechtsplaz
 
 
Pult queesch zur Fënster
 
Esou gëtt ze vill Schiet um Pult evitéiert an et gëtt ee manner geblennt.
 
 
Daagesliicht notzen! 
 
Natierlecht Liicht hält d'mënschlecht Gehir wakereg - an dréit dozou bäi, datt ee méi zefridden a produktiv ass.
 
 
Luucht um Pult
 
 
Lokal Beliichtung léisst sech un déi verschidde Virléiften upassen an erliichtert z.B. d'Liese vun Pabeierdokumenter.
 
Tipps an Tricks                                        
fir och Doheem einfach Energie a Geld ze spueren:
Oppassen op d'Effizienzklassen
 
D'Kennzeechnung no Energieklassen ass bekannt vun den Elektroapparater. Och bei den Luuchte gëtt et dat schonns méi laang.

Déi aktuell Kennzeechnung geet vun A+++ (ganz spuersam) bis E (guer net effizient). D'EU wëll dëse System awer bis 2020 reforméieren, sou dass et just d'Klassen A bis G gëtt. Sou soll de Client ganz einfach déi spuersamst Luuchte fanne kënnen.
 
Wéi entsuergen ech defekt Luuchten?
 
 
Halogenluuchten a klassesch Biren 
 
 
... kënnen iwwert de Restmüll entsuergt ginn.
 
LED- an Energiespuer-luuchten
 
... dierfe wéinst den elektroneschen Deeler (LED) an de Gëftstoffer wéi Quecksëlwer (Energiespuerluuchten) net an den Restmüll!
 
Wouhi mat futtisse Luuchten?
        
 
Nierwt de Recycling-zentere kann een d'Luuchten och am Handel zréckginn.
 
 
Projet Energie [light] by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
© 2019 Energielight
 
 
 
Sent by
SendinBlue