["Energielight"]
 
 
Thema vum Mäerz - vol.  2
Beliichtung
 
 
An dëser Newsletter gi dir gewuer, ob eng Sanéierung vum Beliichtungssystem sech lount an wéi een och doheem seng Beliichtung optiméiere kann.
 
Tipp 1: D'Beliichtungssystem moderniséieren
 
Fir ze wëssen, ob an Ärem Gebai eng Sanéierung vun der Beliichtung néideg ass, kuckt Iech einfach dës Checklëscht un:
 
 
 
Wann Dir véier oder méi Froë mat Jo beäntwert, huelt soubal wei méiglech mat Ärem Energiebeoptragten oder responsabelen Techniker Kontakt op an proposéiert eng Moderniséierung vun der Beliichtung!
 
Tipp 2: Spuerpotenzial Beliichtung
 
Dës Grafik weist d’Spuerpotenzial vun engem neien Beliichtungssystem, jee nodeems wat fir eng Technik agesat gëtt:
 
 
Tipp 3: Wéi kann een optimal d'Daagesliicht  notzen? 
 
 
An engem Neibau kann d'Ausnotzung vum Dagesliicht optimal geplangt ginn. Dat ass an engem bestehende Gebai net méi esou einfach ze änneren. Et gëtt awer och hei nach verschidde Méiglechkeeten, z.B.:
 
  • De Büro no bei d'Fënster stellen
  • D'Fënster net mat Planzen oder Riddoen zevill verdecken
  • Fënsteren a Veluxë réigelméisseg botzen
  • Fir Wänn, Plafong an Miwwelen hell Farwe wielen
 
Tipps an Tricks                                        
fir och Doheem einfach Energie a Geld ze spueren:
 
Solarluuchten
 
Bis viru kuerzem goufe Solarluuchten éischter als Dekoratioun oder am Outdoor- resp. Campingberäich genotzt.
Duerch d'LED-Technologie sinn dës Luuchten awer vill méi performant ginn a kënnen elo och als vollwäerteg Luuchten dobaussen agesat ginn, z.B. fir Weeër oder d'Entréeshal ze beliichten.
 
 
Dämmerungsschalter
 
Dës Sensore schalten d'Luuchte jee no den agestallten Hellëgkeetswäerter un an och nees aus. Et fënnt ee Luuchte mat integréiertem Sensor, awer och fir nozerüsten.
Eng optimal Léisung ass dann nach d'Kombinatioun mat enger Zäitschaltauer oder engem Bewegungsmelder, esou brennen d'Luuchten net d'ganz Nuecht.
 
 
Projet Energie [light] by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
© 2019 Energielight
 
 
 
Sent by
SendinBlue