["Energielight"]
 
 
Thema vum Februar
Richteg lëften
 
Duerch richtegt Lëften kann een eppes fir seng Gesondheet a fir d'Ëmwelt maachen. Esou kënnt Sauerstoff an de Raum, Schuedstoffer an CO2 ginn evakuéiert an d'Fiichtegkeet am Raum gëtt reguléiert. D'Loft bleift soumat gesond, et entsteet kee Schimmel an et gëtt och keng Energie onnëtz verschwent! Wéi esou eng ideal Lëftung funktionéiert gëss du während dësem Mound gewuer!
 
     Quer- a Stousslëften JO                            Kipplëften NEE
 
 
Beim Lëften d'Fënster an d'Dier kuerzzäiteg grouss opmaachen, sou killen d'Maueren am wéinegsten aus an den Energieverloscht bleift geréng!
 
Bei der Kipplëftung gëtt d'Loft bal net erneiert, mee de Raum just ofgekillt. D'Hëtzt geet verluer, mee d'Schuedstoffer bleiwen an de Sauerstoff gëtt knapp!
 
 
Problematik Kipplëften
 
D'Fënster op Kipp an d'Heizung un, dat funktionéiert net! Déi waarm Loft (rout) klemmt no uewe wou se deels an de Raum kennt, an deels direkt no bausse verluer geet. Well elo net méi all d'Hëtzt am Raum zur Verfügung steet, fält d'Temperatur an de Raum killt of.
Déi iwwert der Heizung produzéiert al a waarm Loft forméiert eng Hëtzt-Barrière (Wärmevorhang), esou dass déi frësch Loft vu bausse kaum era komme kann. Et kënnt deemno nëmmen zu engem minimalen Loftaustausch. D'Konzentratioun vun CO2, Schuedstoffer a Loftfiichtegkeet klammen an d'Konzentratioun vum Sauerstoff hëlt of. Dëst ass kee gesond Raumklima a privilegiéiert Schimmelbildung.
 
 
 

Heizung erof dréine während dem Lëften​
(Awer net komplett ausmaachen) 
 
 
 
Tipps an Tricks                                        
fir och Doheem einfach Energie a Geld ze spueren:
 
De Mënsch produzéiert duerch seng Aktivitéite vill Fiichtegkeet am Haus. Dës gëllt et duerch eng richteg Lëftung ze evakuéiere fir d'Schimmelbildung ze verhënneren!
 
Rappel: richteg Hëtzen                            
 
Wéi funktionéiert den Thermostat?
 
Méi héich dréine bedeit NET, dass et méi séier waarm gëtt!
 
 
20°C = 3 um Thermostat
 
20°C sinn ideal fir eng Tätegkeet am Sëtzen (Büro, Stuff, etc.)
 
Den Heizkierper
fräi halen
 
Fir dass den Heizkierper richteg schaffe kann, däerf näischt virdru stoen!
 
 
 
 
Projet Energie [light] by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
 
Sent by
SendinBlue
 
 
© 2017 Energielight