["Energielight"]
 
 
Thema vum Januar
Richteg Hëtzen
 
Duerch kleng Feeler beim Hëtze ka vill Wiermt onnéideg verluere goen! Mee wéi hëtzen ech richteg? Wat sinn déi ideal Temperaturen am Büro a wéi funktionéiert eigentlech een Thermostat? Dëse Mount gëss du méi gewuer iwwert dës Thematik.
Zéck och net konkret Froen ze stellen!
 
Duerch richteg hëtzen Energie aspueren!
Mat 1°C manner hëtze spueren ech 6% Energie!  
 
Dieren zu méi kalen Zëmmer zoumaachen
 
D'Wiermt verdeelt sech automatesch vun engem waarme Raum zu engem kale Raum. Wann d'Tëschendier zoubleift gëtt den Austausch ënnerbrach an d'Wiermt geet net verluer! Méi kaal Raim si beispielsweis: Trapenhaus, WC, Gank
 
 
Hänn mat kalem Waasser wäschen​
 
Kaalt Waasser, zesumme mat Seef, geet am Reegelfall duer, fir eventuell Bakterien oder Keimer lass ze ginn!
 
 
Déi richteg Kleedung fir all Joreszäit
 
Mat der richteger Kleedung muss ee manner hëtzen! Am Wanter kann och emol de gudde waarme Wollpullover ausgepaakt ginn an de schéine neien T-Shirt kann am Schaf op de Summer waarden!
 
Tipps an Tricks                                        
fir och Doheem einfach Energie a Geld ze spueren:
 
 
Heizung entlëften
 
Wéi entlëften ech meng Heizung? Dëse Video weist wéi et geet!
 
Fënster regléieren
 
Bei engem Verdacht op eng ondicht Fënster: maach de Käerzentest a looss deng Fënstere bei Bedarf kontrolléieren!
 
Hydrauleschen Equilibrage
 
En hydrauleschen Equilibrage vun dengem Heizungsnetz ka vill Problemer an engem Stéck léisen! Informéier dech!​
 
 
Projet Energie [light] by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Flickr
 
 
 
Sent by
SendinBlue
 
 
© 2017 Energielight