Meng Gemeng engagéiert sech, an
ech maache mat!
 
["Energielight"]
 
 
Wat? Energie spueren duerch Notzerverhalen 
Wéini? Vum 01. Januar 2019 bis den 31. Dezember 2019
Wien? Eis Gemeng, zesumme mat 8 anere Gemengen aus dem Land. All eenzele Mataarbechter ass gefrot sech aktiv ze bedeelegen a säin eegent Notzerverhalen a Fro ze stellen. 
Wéi? Während de nächste Méint kris du praktesch Tipps, wéis du am Alldag Energie kanns aspueren. Op der Aarbecht, mee och Doheem! 
 
Looss dech inspiréieren an engagéier dech op der Aarbechtsplaz an och Doheem fir eng raisonnabel a responsabel Notzung vun der Energie!
Eleng duerch d'Notzerverhale kënne bis zu 15% Energie agespuert ginn!
 
Mir soen dir elo schonn e grousse Merci fir däin Engagement !  
 
#Energielight #Energie #Spueren
@EmweltberodungLetzebuerg @klimabuendnisluxemburg
 
 
Thema vum Januar
Richteg Hëtzen
 
Duerch kleng Feeler beim Hëtze ka vill Wiermt onnéideg verluere goen! Mee wéi hëtzen ech richteg? Wat sinn déi ideal Temperaturen am Büro a wéi funktionéiert eigentlech een Thermostat? Dëse Mount gëss du méi gewuer iwwert dës Thematik.
Zéck och net konkret Froen ze stellen!
 
Déi ideal Temperaturastellung fir däi Komfort an däi Portefeuille  
 
 
 
 
 
 
Den Heizkierper an
den Thermostatkapp fräi halen
 
Den Heizkierper an den Thermostatkap musse fräi sinn, fir dass se richteg funktionéieren! D'Wiermt verdeelt sech am Raum duerch Stralung a Konvektioun. Dëse Mechanismus funktionéiert awer net, wann den Heizkierper zougestallt ass. D'Resultat ass een Heizkierper dee falsch schafft an e kale Raum!
 
 
Thermostatkapp bei
Absence erofdréinen
 
Wanns du fir eng länger Zäit net am Büro bas, kanns du den Thermostat op 1-2 dréinen. Ganz Ausdréinen ass net néideg, well sos de Raum eventuell ze vill ofkillt!
 
Tipps an Tricks                                        
fir och Doheem einfach Energie a Geld ze spueren:
 
 
Nuechtsofsenkung
 
Duerch eng Ofsenkung vun der Wonsch-temperatur op 16°C an der Nuecht kanns du och Doheem praktesch Energie spueren! Fro däin Chauffagiste fir dës Astellung virzehuelen!
 
Rolllueden
 
Maach deng Rolllueden iwwert Nuecht zou. Esou bléift d'Wiermt dobannen an den Heizkierper muss manner schaffen!
 
Isolatioun
 
Duech fräileent Heizungsréier (am Keller) geet vill onnéideg Energie verluer. Eng Isolatioun vun den Heizungsréier ass super schnell an einfach sëlwer gemaach!
 
 
Projet Energie [light] by
Emweltberodung Lëtzebuerg
E-Mail: info@ebl.lu
Klima-Bündnis Lëtzebuerg
E-mail: klimab@oeko.lu
Facebook
Flickr
 
 
 
Sent by
SendinBlue
 
 
© 2017 Energielight